Cafe Kleng Gemeng

Wëllkomm an der „Klenger Gemeng“ Déi „Kleng Gemeng“ begréisst Iech…

    view_headline
    Infos

    Wëllkomm an der „Klenger Gemeng“

    Déi „Kleng Gemeng“ begréisst Iech häerzlech um Internet. Den Duerfkär vu Mamer huet sech an deene leschte Jore richteg rausgebotzt. De „Brill“ als Park fir Jonk an al, dodran e wonnerschéint Seniorenheem, eng restauréiert Kierch, de Sprangbur vum Nikolaus Mameranus an d‘Gemengenhaus matzen am renovéierte Schlass. Wat wonnesch, datt do och déi richteg, typesch an urlëtzebuergesch Wiertschaft net däerf feelen. Kee Wonner och, datt dës al Wirtschaft den Numm „Kleng Gemeng“ krut, well wien nëmmen eng Grimmel Ahnung vun Duerfpolitik huet, dee weess, datt kee Member vum Schäfferot a kee Konzelljee Nee seet, wann et heescht, no der Sëtzung een huelen ze goen. A méi wéi eng Keier - Dir wësst et - gëtt déi wierklech Politik net ronderëm den offiziellen Dësch am Sëtzungssall gemaach, mä hannerwands, um Stammdësch beim gemittlechen an och ureegende Patt.

    „Realpolitik à la Luxembourgeoise“

    Eis Keelebunn
    A wann Dir mengt, Dir géift en Dimmerwieder vu fären héieren, dann hutt Der Iech bestëmmt geiert, well da leeft hannenaus der „Klenger Gemeng“ hir Keelebunn op Héichtouren. Se leeft all Dag ausser sonndes, well dann de Bistro zou ass, an ass meeschtens laang am Viraus reservéiert; zesumme mat enger Spezialitéit aus der Kichen.

    Ëffnungszäiten
    Méindes bis Samschdes: 10:00 - 01:00
    Sonndeg: zou

    view_module
    Kontakt Informationen
    • Telefon
      +352 31 00 22
    • Mail
      cllang@pt.lu
    • Adresse
      rue du Marché 15 8252 Mamer
    view_module
    Unsere Webseite
    map
    Wegbeschreibung
    view_module
    Kategorie
    email
    Schnellkontakt Email







    view_module
    Follow us
    mood_bad
  • Keine Kommentare vorhanden.
  • chat
    Rezension erstellen
    keyboard_arrow_up